Centre d'Initiative et de Gestion local Pétange asbl
Den CIGL Péiteng ass eng karitativ Associatioun waat vun dem Aarbechtministär an der Gemeng Péiteng
guddgeheescht a finanzéiert gët.
D’Missioun vun der Associatioun ass déi berufflech Integratioun vun den Leit déi eng Aarbecht sichenan vun der ADEM zougewisen ginn.
Équipe Polyvalente
D’ Mannschaft këmmert sech em:
- Uleeën an Gestalten vun ëffentleche Platzen an der
- Ënnerthalt vum CIGL-Péiteng ugeluechten Weeër
- Ënnerhalt vun den Uebstbongerten der Gemeng Péiteng
- Ënnerstëtzung am Noperschaftsdéngscht
- Ënnerstëtzung am solidareschen Gaart
- Kleng Aarbechten ob Ufro vun der Gemeng Péiteng
Internetstuff Cyberhall
Den Cyberhall erméiglecht et der Bevëlkerung zu erstaunlechen Präisser Zougrëff opt Instrument “Computer” ze ginn. Fier d’Leit dozou anzelueden, d’ Internetstuff ze besichen, huet den CIGL Péiteng firdrun schonns Ëmfroen zum Bedarf gemaach an bidd dowéinst och elo Kuren un.
Weiderliesen…Noperschaftsdëngscht d’Geschirkëscht
een Hëllefsdéngscht vir:
- Persounen ab 60 Joer
- Persounen déi helefsbedürfteg, krank, behënnert oder erhuelungsbedürfteg sinn (Attest)
- Persounen déi eng Hëllef bei klengen Aarbechten brauchen
Solidareschen Gaart Kalendula
KALENDULA ass een Gaart fir d’ Fuerderung vun der Ëmwelterzéiung, nohalteger Entwécklung an gesellschaftlechem Engagement. KALENDULA vermëttelt een prakteschen Abléck an d’ biologesch Landwirtschaft souwéi een bessert Verständnis vun der Natur an der Ëmwelt.
Solidaresch Bibliothéik BicherLand
En soll eng rege Bedeelegung dat aktiivt biergerlecht Engagement an den Wëssensaustausch ënnerstëtzen. Duerch den Opbau vun engem gratis Tauschsystems zwëschen den Bierger an dem CIGL Péiteng gëtt den Bicheremlaaf gefuerdert.
Weiderliesen…Solidareschen Buttek De Kuerbuttek
DE KUERBUTTEK bidd nëmmen Wueren un,
- déi den Kriterien der nohalteger Entwécklung entspriechen
- frecht Uebst an Geméis aus biologeschem Ubau, regional Liewensmëttel ewéi ugelueten Friichten
- Geméis, Gebeess, aromatiséierten Esseg an Ueleg
- Wueren aus traditionellem Handwierk ewéi Käerzen, Seef an aner kleng Dekoratiounsartikel
– deelweis aus eegener Hierstellung
Geschirrvermietung de Spullweenchen
De Spullweenchen ass een Unhänger, ausgestatt mat engem vollstännegem Geschirrset,
- 240 Telleren, Tasen, Besteck, Wäin- an Sektglieser
- Zerweierplacken an Zaloteschosselen an zwou Gréissten
Ausserdeem beinhalt den Spullweenchen eng Industriespullmaschin.