Schnupper Stage an enger Entreprise

Mir sichen Entreprisen déi sech bereet erklären motivéiert Stagiairen ze empfänken. Mat dem Iwwerhuelen vun engem Stagiaire wéisst dir äert Engagement an der Sozioprofessioneller Integratioun vun den demandeurs d’emploi an dir ënnerstëtzt sie an hirem Parcours.

De Stage fuerdert d’Amérlioratioun vum prakteschen Savoir-faire vun den Stagiairen an dëst ouni een Kontrakt-gebonnen Engagement Säitens der Entreprise an en erméiglecht der Entreprise motivéiert Kandidaten an hier Kompetenzen kennen ze leieren. De Stage muss net vun der Entreprise-accueillante bezuelt ginn. 

D’Prozeduer:

  • Kontaktéiert de CIGL.
    Den gefroten Profil gëtt un eis BE weiderginn.
  • Wann en interesséierten Stagiaire fonnt ginn ass ginn d’ Detailer festgehalen wei d’ Period vum Stage, Missiounen, Froen bezüglech der Haftpflicht, eventuelle Verlängerung oder Opléisung vum Stage, eventuell Astellung asw…
  • An dem Kontext gëtt eng Convention de Stage erstallt an vun allen Partien ënnerschriwwen.
  • Sozioprofessionellen Suivi an Evaluatioun vum Stage vun eiser Säit aus.

Dir braucht weider Informatiounen?

Zeckt net eis Koordinatiounscellule ze kontaktéieren :

Per Telefon.: 23 65 17 33
Per Mail: E-Mail