Sozialen Objet
De CIGL Péiteng ass eng karitativ ASBL, guttgeheescht an finanzéiert vum Aarbechtsministär an der Gemengeverwaltung vu Péiteng. D’Missioun vun der Associatioun ass déi sozio-professionell Integratioun vun den den Leit déi eng Aarbecht sichenan vun der ADEM zougewisen sinn, duerch personaliséiert Ënnerstëtzung während engem Cours vu 24 Méint, während deem d’Mataarbechter, déi d’Beneficiairë kréien, hir Beruffserfahrung an hir Sozialkompetenzen duerch iwwerwaacht Teamaarbecht a Weiderbildung kënnen konsolidéieren. Wärend dëser Zäit, passt d’Gestiouspersonal sech, sou vill wéi méglech un, d’Bedierfnësser awer och un d’Kompetenzen, d’individuell Kapazitéiten an d’Zielen vun all Persoun un, fir eng psychosozial Stabiliséierung vun hirer Situatioun ze garantéieren an hinnen ze hëllefen Kompetenzen ze kréien, déi hir Beschäftegungsméiglechkeet an dofir hir Chancen eng Aarbecht um Aarbechtsmaart ze fannen.
D’Haaptziler vun de CIGL Missiounen sinn wéi follegt:
- Aarbecht fir d’Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun den Awunner vun der Gemeng duerch d’Entwécklung vun allgemengen Interessiprojeten
- Beschäftegung un Aarbechtssicher ubidden
- Förderen déi konstant Entwécklung souwuel professionell wéi perséinlech vun dësen Aarbechtssicher während hirem Kontrakt
D’Associatioun ass politesch, ideologesch a konfessional neutral.