KALENDULA

KALENDULA ass een Gaart vir d’ Fuerderung vun der Umwelterzéiung, nohalteg Entwécklung an biergerschaftlechem Engagement.

KALENDULA vermëttelt een prakteschen Abléck an d’ biologesch Landwirtschaft souwéi een bessert Verständnis vun der Natur an der Ëmwelt.

Doduerch fuerdert KALENDULA dat ëmweltbewosst Verhalen vun den Bierger.

Den Gaart steet allen Mënschen op, an CIGL Péiteng well mat verschiddenen Aktivitéiten d’ Ëmwelterzéiung fuerderen.

Duerch déi grouss Nofro dat éischt Joer, hunn mir zwee weider Gäert, zu Rodange hannert der Primaireschoul an zu Lamadelaine hannert dem Kulturzentrum ugeluecht.

Dank der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Péiteng kënnen mir pro Schouljoer ronn 20 Schoulklassen mat 500 Kanner empfaangen.

Fir weidere Informatiounen weg. den Viraarbeschter Här Bazad Patrice kontaktéiren.

Tél.: 621 450 445

oder

deKuerbuttek
32, rue Pierre Hamer
L-4737 Pétange

Tél: 26 50 14 36