Koordination

Fir besser opt Erwaardungen vun der Bevëlkerung anzegoen an d’ Aarbechten am Sënn vum CIGL definéierten Objektive – Verbesserungen vun der Liewensqualitéit vun den Awunner an den sozialen Zesummenhalt ze fuerderen – ëmzesetzen, verfügt den CIGL Péiteng eng lokal Koordinatiounszell déi sech alldeeglech dësen Aufgaben widmet.

Zesummen mat dem Verwaltungsrot, deen sech zesummesetzt aus Mënschen aus dem ëffentlechen Liewen an Politiker vun der Gemeng, schafft d’ Koordinatiounszell Projeten aus an ass dofir verantwortlech,des ëmzesetzen.

D’ Memberen vun der Koordinatiounszell sinn als Vermëttler agestallt, déi sech vir d’ Interessen vun der Bevëlkerung am Sënn vun enger lokalen sozial-ökonomeschen Entwécklung an der Regioun asetzen.

Eng enk vertrauensvoll Zesummenaarbecht zwëschen den Memberen vun der Koordinatiounszell an dem Verwaltungsrot, der Gemeng souwéi den Viraarbechter vun den verschiddenen Sektoren ass onerlässlech vir eng qualitativ gutt Aarbecht.