D'Geschirkescht

Service Proximitéit – Bestëmmungen ze respektéieren:

D’ Bestëmmungen déi fier de Service Proximitéit ze respektéieren sinn, sinn ewéi follgend präziséiert:

  • fier Persounen ab 60 Joer ;
  • fier Persounen mat engem Handicap, enger Krankheet, déi Hëllef brauchen oder eng Rouhperiod. Een Zertifikat vum Dokter ass an dem Fall obligatoresch ;
  • de Client muss wärend den Aarbechten présent sinn ;
  • de Client muss d’ Fiche d’intervention ënnerschreiwen wann d’ Aarbechten fäerdeg sinn ;
  • d’ Aarbechten an Residencen kennen just duerchgefouert ginn ënnert der Konditioun dat déi betreffend Parzelle eng privat Proprietéit ass an net an der Partie commun mat dran ass. Deementspriechend muss den Acte notarié virgeluecht ginn deen dëst confirméieren kann ;
  • keng Aarbechten op Terrainen déi net zum Haus vum Client gehéieren ;
  • et ass streng verbueden Aarbechten op der Leeder ze maachen déi méi ewéi 5 Meter héich sinn (Leeder + Aarbechter) an et ass verbueden thermesch Maschinnen (Motorseeë, Heckentrimmer) op der Leeder ze benotzen ;
  • d’ Aarbechten an engem eidelen Haus wou de Client nach Proprietairë ass (geplënnert an een Alters/Pfleege-Heem) sinn acceptéiert fier eng Iwwergangszäit vun max. 1 Joer ; ass dës Zäitlimite iwwerschratt muss de Client eng aner Léisung fannen ;
  • d’ Aarbechten an engem eidelen Haus wou de Client verstuerwen ass, ginn autoriséiert fier eng allerleschte Kéier ausser den Successeur erfëllt d’ Konditiounen fier Client am Service Proximitéit ze ginn ; an dësem Fall muss eng Deklaratioun innerhalb vun 6 Méint agereecht ginn ;
  • d’ Aarbechten an engem Haus wat verlount ass, sinn autoriséiert wann den Locataire d’ Konditiounen fier Client am Service Proximitéit ze sinn, erfëllt ;
  • all Forme vu Plënner Aarbechten sinn net autoriséiert an dat aus Grënn wéinst der Sécherheet, professioneller Erfarung, der Ausstattung an der Assurance.

Leeschtungen:

Saisonsbedingt Aufgaben: Schnéi ewech maachen, Laf ewech maachen…

Gaartaarbechten: Gras méinen, Hecken schneiden, Ënnerhalt vun den Gäert an Blumengäert…

Kleng Reparaturen: Usträichen, Holzaarbeschten, Tapizéieren…

Sanitärsaarbechten: Propper maachen vun Oflesss, Reparéieren vun Leitungen an Krinn oder se Auswiesselen…

Kleng Aarbechten: Rollueden-Schnoueren, Dierschlässer oder Bieren wiesselen…

Präisser:

20,00 € pro Stonn / Aarbechter

6,00 € pro Stonn / Maschinn

Vir all gréisser Aarbechten, stinn eis Mataarbechter vun der GESCHIRKËSCHT Iech gären mat Rot an Dot zur Verfügung an vermëttelen Iech gären weider bei enger lokaler Entreprise déi Iech weiderhëllefen kann.