Geschicht

Den CIGL Péiteng ASBL ass vun 18 Memberen Ufanks Juli 1997 an senger Grënn ungsversammlung gegrënnt ginn. Ënnert der Presidentschaft vum Herr Roger Klein, hat den Verwaltungsrot sech bis Januar 1998 Zäit geholl, sech Gedanken iwwert deen éischten Projet an der Gemeng ze maachen. D’ Statuten sinn den 29. Januar 1998 beim Handelsregister hannerluet ginn. D’ Zilsetzung sengerzäit war déi nämlecht ewéi haut: Aarbechtsplazen an der Gemeng schafen, Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun den Awunner duerch d’ Ëmsetzung lokaler Projete.

Déi 5 éischt Employéen sinn zwëschen Februar an Juli 1998 agestallt ginn. Deen éischten Projet war den Noperschaftsdengscht d’Geschirkëscht. Een Joer méi spéit hunn d’ Verantwortlech vun der Gemeng hir Zouso ginn vir een Equippe Polyvalent. Uschléissend am Joer 1999, ass deen éischten Projet ëmgeseet ginn; een Spadséierwee zu Lamadelaine am Loeschebuer.

Den Wee gëtt nach haut vum CIGL um Stand gehalen. Am Laf vun der Zäit hat den CIGL Péiteng sech vergréissert an zielt all Joer zwëschen 30 an 38 Employéen. Maacht iech w.e.g selwer een Bild vun onsen Aarbechten an Projete an erfuerscht eis Internetsäit. Vir weider Froen an Informatiounen stinn mir iech zu all Moment gären zur Verfügung.