Noperschaftsdëngscht
Een Hëllefsdëngscht vir:
- Persounen ab 60 Joer.
- Persounen déi helefsbedürfteg, krank, behënnert oder erhuelungsbedürfteg sinn (Attest)
- Persounen déi eng Hëllef bei klengen Aarbechten brauchen
Équipe polyvalent
D’ Mannschaft këmmert sech em:
Uleeën an Gestalten vun ëffentleche Platzen an der Gemeng Péiteng
Internetstuff Cyberhall
Den Cyberhall erméiglecht et der Bevëlkerung zu erstaunlechen Präisser Zougrëff opt Instrument “Computer” ze ginn
Solidareschen Buttek De Kuerbuttek
DE KUERBUTTEK bidd nëmmen Wueren un, déi den Kriterien der nohalteger Entwécklung entspriechen: frecht Uebst an Geméis aus biologeschem Ubau, regional Liewensmëttel ewéi ugelueten Friichten, Geméis, Gebeess, aromatiséierten Esseg an Ueleg oder Wueren aus traditionellem Handwierk ewéi Käerzen, Seef an aner kleng Dekoratiounsartikel – deelweis aus eegener Hierstellung.
Kalendula
KALENDULA ass een Gaart fir d’ Fuerderung vun der Ëmwelterzéiung, nohalteger Entwécklung an gesellschaftlechem Engagement.
Solidaresch Bibliothéik Bicherland
Duerch den Opbau vun engem geldlosen Tauschsystem zwëschen den Bierger an dem CIGL Péiteng gëtt den Biicheremlaaf gefuerdert.
Geschirvermietung de Spullweenchen
De Spullweenchen ass een Unhänger, ausgestatt mat engem vollstännegem Geschirrset vun jeeweils 150 Telleren, Tasen, Besteck, Wäin- an Sektglieser.