DE KUERBUTTEK

DE KUERBUTTEK bidd nëmmen Wueren un, déi den Kriterien der nohalteger Entwécklung entspriechen: frecht Uebst an Geméis aus biologeschem Ubau, regional Liewensmëttel ewéi ugelueten Friichten, Geméis, Gebeess, aromatiséierten Esseg an Ueleg oder Wueren aus traditionellem Handwierk ewéi Käerzen, Seef an aner kleng Dekoratiounsartikel – deelweis aus eegener Hierstellung.

D’ Equipe vum DE KUERBUTTEK stellt d’ Handwierksprodukter selwer hier an bidd op Ufro d’Liwwerung vun den Akeef an d’Haus un. DE KUERBUTTEK verkeeft nëmmen Produkter vun héijer Qualitéit an een Tarif deen un d’ konventionell Produkter an Supermarchéen ugepasst ass. Dat frëscht Geméis aus den Gäert ass zertifizéiert Bio-Geméis vum BIO-LABEL Luxemburg. Vir déi sëlwer hiergestalten Produiten gëtt vill Wäert op Qualitéit geluet, regional an fair Hierkonft, ausserdeem benotzen mir, wann méiglech, Bio-Produiten.

Een solidareschen Präis ass reservéiert vir ons Awunner aus der Gemeng Péiteng, déi beim Sozialamt gemeld sinn.

Am Gleichklang mat der Philosophie vum DE KUERBUTTEK ass den Chalet den Prinzipien no enger ökologeschen Bauweis ugeluecht ginn. Vir Client beim DE KUERBUTTEK ze ginn, braucht dir iech nëmmen vir d’ Memberskaart anzeschreiwen (Gratis). Dat erméiglecht iech regelméisseg iwwert d’ Aktivitéiten bei eis informéiert ze ginn. Mir sinn ëmmer op der Sich no Mënschen, welch Loscht hunn un Aktivitéiten deel ze huelen oder ons mat frëschem Uebst beliwweren.

Zéckt net, ons unzeruffen vir weider Informatiounen.

32, rue Pierre Hamer
L-4737 Pétange

Tél: 26 50 14 36

Download