Iwwert Eis

D’ Initiativ- an Verwaltungszentrum Péiteng ASBL ass eng gemengnotzegen Vereenegung. Dozou bestëmmt, d’ Liewensqualitéiten vun den lokalen Bierger ewéi och hiren sozialen Uschloss ze verbesseren, setzen mir eis an vir een Wirtschaftssystem, dass mir Gerechtegkeet an Solidaritéit ënnerstëtzen.

D’Aufgaben vun der Vereenegung ass d’ Ëmsetzung vun Projekter, lokal Entwécklung; besonnesch duerch d’ Schafung vun neien Aarbechtsplazen vir Mënschen ouni Beschäftegung, därer perséinlech an beruffleche Entwécklung duerch entspriechend Weiderbildungsprogrammer gefuerdert gëtt. Mir wëllen d’ lokal Entwécklung net schéin schwätzen, mee beweisen, dass dat Konzept och an der Praxis op beispielhaft Weis ëmgesaat kann ginn.

Duerch 8 Aktivitéiten, déi vum Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung an Sozial- a Solidarwirtschaft guttgeheescht a vum Ministère an der Gemeng Péiteng subventionéiert ginn ass, bitt de CIGL Péiteng 26 Beneficiairen eng berufflech Aarbecht fir zwee Joer un. An dëser Period profitéiere déi betraffe Leit vun der zousätzlecher an individueller Beruffsausbildung, déi haaptsächlech vun der Asbl CIGL finanzéiert gëtt. D’Akommes aus den Aktivitéite vum CIGL ginn integral un d’Gemeng bezuelt oder ginn un d’Finanzéierung vun der Asbl iwwerreecht.

Den CIGL Péiteng ASBL ass den 29. Januar 1998 gegrënnt ginn.