Den Cyberhall erméiglecht et der Bevëlkerung zu erstaunlechen Präisser Zougrëff opt Instrument “Computer” ze ginn. Fir d’Leit dozou anzelueden, d’ Internetstuff ze besichen, huet den CIGL Péiteng firdrun schonns Ëmfroen zum Bedarf gemaach an bidd dowéinst och elo Kuren un an huet d’ Ëffnungszäiten un hier Virléiften ugepasst.

Beräich fir fraien Zougang:

Den Beräich vir fräien Zougang steet jidderengem zur Verfügung fir all Aarten vun Aarbechten op engem Computer auszeféieren, z.Bsp. Emailen ze verschécken, Bréiwer schreiwen an raus printen, CDen brennen, mat Frënn oder Famill ze skypen oder einfach nëmmen ze surfen etc. Ausserdeem bidden mir d’ Brennen vun DVDen an CDen un, genausou ewéi d’ raus an Kopéieren vun Dokumenter an Fotoen un.

Mir hunn folgend Equipement:

  • 2 Computeren sinn ausgestatt mat Linux Ubuntu
  • 5 Computeren sinn ausgestatt mat Windows 10
  • 1 Computer mat Windows 11
  • 1 Computer iMac 24″

All Computer sinn ausgestatt mat Microsoft Office oder LibreOffice
Den schnellen an problemlosen Internetzougank ass garantéiert mat enger CloudPBX fir Entreprener Leitung mat 500 up & 500 down Mbit/s. Ausserdeem, verfügen mir iwwer eng Playstation 5 mat engem 4K LED TV. All Computer ass ausgestatt mat enger Webcam an  Kopfhörer.

Den Coursall:

All eis macMinis (5 Stéck) an iMac sinn elo mat zousätzlechen 4GB RAM a mat Super schnelle SSD Disquë dur équipéiert fir eng besser Vitesse ze erreechen. Déi läscht Versioun MAC OS Betribssystem “Mojave” gouf op all eis macMinis a iMac’s installéiert. All Personal Computeren am Formatiounssall (11 Stéck) sinn nogerüst ginn mat nei Haaptplatinen, RAM an Festplacken domat mir nei Windows 11 Betribssystemer niewent dem bestoend Linux Mint 18 installéieren konnten. Elo sinn mir capabel onsem Publikum an allen 3 Betribssystemer Formatiounen unzebidden.

Programm Formation 2023-2024 PDF

Präisser:

  • 1,00€ Stonn / Internet
  • 1,60€ Stonn / Playstationspill
  • 0,30€ Kopie / Print schwarz-weiss
  • 0,50€ Kopie / Print faarwesch
  • 0,50€ Fotopabeier A4 & Ettikettenpabeier
  • 1,00€ Fotopabeier A3
  • 1,00€ Brennen op CD
  • 1,50€ Brennen op CD (printbar)
  • 2,00€ Brennen op DVD
  • 3,00€ Brennen op DVD (printbar)
  • 8,00€ USB-Stick mat 16GB
  • 20,00€ Service Client / Stonn