Equipe polyvalente

D’ Mannschaft këmmert sech em:

  • Uleeën an Gestalten vun ëffentleche Platzen an der Gemeng Péiteng.
  • Ënnerthalt vum CIGL-Péiteng ugeluechten Weeër.
  • Ënnerhalt vun den Uebstbongerten der Gemeng Péiteng.
  • Ënnerstëtzung am Noperschaftsdéngscht.
  • Ënnerstëtzung am solidareschen Gaart.
  • Kleng Aarbechten ob Ufro vun der Gemeng Péiteng.

Bis haut ëmgesaten Projete:

  • Uleeën vun engem Spadséierwee am “Loeschebuer” zu Lamadelaine.
  • Renovatioun vun engem alen Wäschbur zu Lamadelaine.
  • Gestaltung vun engem Spillplaz am “Fontaine d’Olière” zu Rodange.
  • Gestaltung vun engem Spillplaz an der “rue Léonard Schroeder” zu Péiteng.
  • Gestaltung vun engem Spillplaz an der “place de la Libération” zu Péiteng.
  • Bau vun engem Chalet fir den solidareschen Buttek De Kuerbuttek.
  • Renovatioun vum Jugendhaus zu Rodange.
  • Uleeën vun engem Spadséierwee beim Weier zu Lamadelaine.
  • Uleeën vun engem Spadséierwee op der “Maus” zu Rodange.
  • Uleeën vun den Solidareschen Gäert zu Péiteng an Rodange.
  • Uleeën an gestalten vun enger Fitnessstreck um “Titelberg”.

Déi zukünfteg Projete:

  • Momentan ass den CIGL Péiteng an der Planungsphase vir d’ Gestaltung an d’ Uleeën vun engem Geschichtsspadséierwee am “Dhoil” zu Rodange.