Centre d'Initiative et de Gestion local Pétange asbl

De CIGL Péiteng gëtt vum Ministère fir Aarbecht, Sozial- a Solidaritéitswirtschaft a vun der Gemeng Péiteng konventionéiert.

Sou konnten an enger Zesummenaarbecht mat der Gemeng Péiteng an dem Aarbechtssamt (Ministère du travail) schonn vill verschidden Projekter vir d’Gemengenawunner erfollegräich realiséiert ginn.

Équipe Polyvalente

D’ Mannschaft këmmert sech em:

  • Uleeën an Gestalten vun ëffentleche Platzen an der
  • Ënnerthalt vum CIGL-Péiteng ugeluechten Weeër
  • Ënnerhalt vun den Uebstbongerten der Gemeng Péiteng
  • Ënnerstëtzung am Noperschaftsdéngscht
  • Ënnerstëtzung am solidareschen Gaart
  • Kleng Aarbechten ob Ufro vun der Gemeng Péiteng

 

Weiderliesen…

Internetstuff Cyberhall

Den Cyberhall erméiglecht  et der Bevëlkerung zu erstaunlechen Präisser Zougrëff opt Instrument “Computer” ze ginn. Fier d’Leit dozou anzelueden, d’ Internetstuff ze besichen, huet den CIGL Péiteng firdrun schonns Ëmfroen zum Bedarf gemaach an bidd dowéinst och elo Kuren un.

Weiderliesen…

Noperschaftsdëngscht d’Geschirkëscht

een Hëllefsdéngscht vir:

  • Persounen ab 60 Joer
  • Persounen déi helefsbedürfteg, krank, behënnert oder erhuelungsbedürfteg sinn (Attest)
  • Persounen déi eng Hëllef bei klengen Aarbechten brauchen

 

Weiderliesen…

Solidareschen Gaart Kalendula

KALENDULA ass een Gaart fir d’ Fuerderung vun der Ëmwelterzéiung, nohalteger Entwécklung an gesellschaftlechem Engagement. KALENDULA vermëttelt een prakteschen Abléck an d’ biologesch Landwirtschaft souwéi een bessert Verständnis vun der Natur an der Ëmwelt.

Weiderliesen…

Solidaresch Bibliothéik BicherLand

En soll  eng rege Bedeelegung dat aktiivt biergerlecht Engagement an den Wëssensaustausch ënnerstëtzen. Duerch den Opbau vun engem gratis Tauschsystems zwëschen den Bierger an dem CIGL Péiteng  gëtt den Bicheremlaaf gefuerdert

Weiderliesen…

Solidareschen Buttek De Kuerbuttek

DE KUERBUTTEK bidd nëmmen Wueren un,

  • déi den Kriterien der nohalteger Entwécklung entspriechen
  • frecht Uebst an Geméis aus biologeschem Ubau, regional Liewensmëttel ewéi ugelueten Friichten
  • Geméis, Gebeess, aromatiséierten Esseg an Ueleg
  • Wueren aus traditionellem Handwierk ewéi Käerzen, Seef an aner kleng Dekoratiounsartikel

– deelweis aus eegener Hierstellung

Weiderliesen…

Geschirrvermietung de Spullweenchen

De Spullweenchen ass een Unhänger, ausgestatt mat engem vollstännegem Geschirrset,

  • 240 Telleren, Tasen, Besteck, Wäin- an Sektglieser
  • Zerweierplacken an Zaloteschosselen an zwou Gréissten

Ausserdeem beinhalt den Spullweenchen eng Industriespullmaschin.

Weiderliesen…