Fir eise Clienten eng besser Erfarung ze bidden, hu mir iwwer d’Wantervakanz an de Cyberhall investéiert an de Clientsberäich komplett renovéiert. Mir kruten en neie Buedem, hunn d’Maueren an d’Plaffong nei gestrach an nei Aarbechtsberäicher erstallt oder ëmgestallt. Kommt laanscht an iwwerzeegt Iech selwer.
Hei sinn e puer Vorher/Nachher Fotoen.