Den Cyberhall erméiglecht et der Bevëlkerung zu erstaunlechen Präisser Zougrëff opt Instrument “Computer” ze ginn. Fir d’Leit dozou anzelueden, d’ Internetstuff ze besichen, huet den CIGL Péiteng firdrun schonns Ëmfroen zum Bedarf gemaach an bidd dowéinst och elo Kuren un an huet d’ Ëffnungszäiten un hier Virléiften ugepasst.

Beräich fir fraien Zougang:

De CyberHall stellt der Ëffentlechkeet e gratis Zougang zu senge Computeren zur Verfügung, fir jidderengem ze erlaben, verschidde Computer-Aarbechten an engem frëndlechen Ëmfeld zu bezuelbare Präisser ze maachen.

Egal ob fir E-Maile schécken, Dokumenter schreiwen an drécken, administrativ Schrëtt online erleedegen oder einfach am Internet surfen – eis Gäscht kënnen eis Computeren fräi benotzen.

Eist Team ass op der Plaz an hëlleft gäre bei Basisfroën oder klengen Problemer.

Mir hunn folgend Equipement:

  • 1 Computer mat Linux Ubuntu
  • 5 Computeren mat Windows 10
  • 1 Computer mat Windows 11
  • 1 Computer iMac 24″

All Computer sinn ausgestatt mat Microsoft Office oder LibreOffice
Den schnellen an problemlosen Internetzougank ass garantéiert mat enger CloudPBX fir Entreprener Leitung mat 500 up & 500 down Mbit/s. Ausserdeem, verfügen mir iwwer eng Playstation 5 mat engem 4K LED TV. All Computer ass ausgestatt mat enger Webcam an  Kopfhörer.

Den Formatiounssall:

Eise Formatiounsraum ass mat moderner an effizienter Ausrüstung ausgestatt, déi souwuel fir Ufänger wéi och fir fortgeschratt Benotzer ugepasst ass.

  • 10 Computeren mat Windows 11

  • 5 Apple Computeren mat macOS Sequoia

Mir bidden Formatiounen op béide Systemer (Windows 11 an macOS) un, fir op d’verschidde Besoine vun eise Benotzer anzegoen. Egal ob Dir d’Bürossoftware léiere wëllt, d’Funktioune vun engem Betribssystem entdeckt oder Är digital Kompetenzen ausbaut – eis Coursen si fir all Niveauen gëeegent.

 

D’Formatiounscoursen:

All eis Formatiounscoursen sinn zertifizéiert an unerkannt vum lëtzebuergesche Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. Op Ufro kënne mir och individuell oder Gruppenunterrecht ubidden. Mir verlounen eisen Formatiounssall och u Veräiner a Firmen fir Produktpresentatiounen, intern Formatiounen, etc. Zéckt net eis ze kontaktéieren.

Programm Formation 2024-2025 PDF

Präisser:

  • 1,00€ Stonn / Internet
  • 1,60€ Stonn / Playstationspill
  • 0,30€ Kopie / Print schwarz-weiss
  • 0,50€ Kopie / Print faarwesch
  • 0,50€ Fotopabeier A4 & Ettikettenpabeier
  • 1,00€ Fotopabeier A3
  • 1,00€ Brennen op CD
  • 1,50€ Brennen op CD (printbar)
  • 2,00€ Brennen op DVD
  • 3,00€ Brennen op DVD (printbar)
  • 8,00€ USB-Stick mat 16GB
  • 21,00€ Service Client / Stonn