DE SPULLWEENCHEN
De CIGL Péiteng asbl këmmert sech ëm de „Spullweenchen“. Dobäi handelt et sech ëm en Unhänger, deen mat engem komplette Geschirservice an enger industrieller Geschirspullmaschinn equipéiert ass. De „Spullweenchen“ ka vu Veräiner, Betriber oder Privatpersoune gelount ginn, fir de massive Gebrauch vun Eemolsgeschir bei verschiddene Festlechkeeten ze vermeiden an dëst duerch ëmweltfrëndlecht Geschir ze ersetzen.
Déi industriell Geschirspullmaschinn mécht e komplette Spullzyklus an nëmmen 2 Minutten. D’Maschinn entsprécht an hirer Konzipéierung a Konstruktioun de gëltege Grondufuerderunge vun der EU a Saache Sécherheet a Gesondheet. Dobäi gi just 1,5 Liter Waasser pro Spullgang verbraucht.
D’Ofwaasser kann iwwer e Waassersammler opgefaange ginn, deen no der Feier eidel gemaach ka ginn, oder iwwer speziell Päifen an d’Kanalisation ofgeleet ginn. Déi néideg Produite ginn natierlech och mat geliwwert.
Ausstattungen:
– 150 flaach, déif an Dessertsteller
– 150 Tassen an Eenertassen
– 150 Besteck
– 150 Weingliesser
- Eise Spullweenchen ass de Moment net méi verfügbar. Mir bieden ëm Äert Versteesdemech.