Den Cyberhall erméiglecht et der Bevëlkerung zu erstaunlechen Präisser Zougrëff opt Instrument "Computer" ze ginn. Fier d'Leit dozou anzelueden, d' Internetstuff ze besichen, huet den CIGL Péiteng firdrun schonns Ëmfroen zum Bedarf gemaach an bidd dowéinst och elo Kuren un an huet d' Ëffnungszäiten un hier Virléiften ugepasst.
En soll eng rege Bedeelegung dat aktiivt biergerlecht Engagement an den Wëssensaustausch ënnerstëtzen.
Duerch den Opbau vun engem gratis Tauschsystems zwëschen den Bierger an dem CIGL Péiteng gëtt den Bicheremlaaf gefuerdert.
een Hëllefsdéngscht vir:
- Persounen ab 60 Joer
- Persounen déi helefsbedürfteg, krank, behënnert oder
erhuelungsbedürfteg sinn (Attest)
- Persounen déi eng Hëllef bei klengen Aarbechten brauchen
D' Mannschaft këmmert sech em:
-Uleeën an Gestalten vun ëffentleche Platzen an der
Gemeng Péiteng
- Ënnerthalt vum CIGL-Péiteng ugeluechten Weeër
- Ënnerhalt vun den Uebstbongerten der Gemeng Péiteng
- Ënnerstëtzung am Noperschaftsdéngscht
- Ënnerstëtzung am solidareschen Gaart
- Kleng Aarbechten ob Ufro vun der Gemeng Péiteng
Weiderliesen...
- KALENDULA ass een Gaart fir d' Fuerderung vun der Ëmwelterzéiung, nohalteger Entwécklung an gesellschaftlechem Engagement.
- KALENDULA vermëttelt een prakteschen Abléck an d' biologesch Landwirtschaft souwéi een bessert Verständnis vun der Natur an der Ëmwelt.
De Spullweenchen ass een Unhänger, ausgestatt mat engem vollstännegem Geschirrset vun jeeweils 240 Telleren, Tasen, Besteck, Wäin- an Sektglieser souwéi Zerweierplacken an Zaloteschosselen an zwou Gréissten.
Ausserdeem beinhalt den Spullweenchen eng Industriespullmaschin.
DE KUERBUTTEK bidd nëmmen Wueren un, déi den Kriterien der nohalteger Entwécklung entspriechen: frecht Uebst an Geméis aus biologeschem Ubau, regional Liewensmëttel ewéi ugelueten Friichten, Geméis, Gebeess, aromatiséierten Esseg an Ueleg oder Wueren aus traditionellem Handwierk ewéi Käerzen, Seef an aner kleng Dekoratiounsartikel - deelweis aus eegener Hierstellung.