Logo CIGL
Main Banner
Logo Spullweenchen

De Spullweenchen

Um 26. Abrëll 2004 huet den CIGL Péiteng ASBL den Spullweenchen iwwerholl. Den Spullweenchen ass een Unhänger, ageriicht mat engem vollstännegen Geschirset vun jeeweils 240 Telleren, Tasen, Iessgeschir, Wain- an Schampesglieser souwei Zervéierplacken an Zaloteschosselen an zwou Gréissten.Ausserdeem entält den Spullweenchen eng Industriespullmaschinn. Den Spullweenchen kann als Ganzt gelount ginn oder och nëmmen d' Spullmaschinn oder nëmmen d' Geschirr resp. d' Glieser eenzel.

Den Spullweenchen gëtt an Verainer, Privatlleit an un Firmen verlount, vir op Fester daat ofallintensift Geschir wech ze maachen an duerch umweltfrendlecht Geschir ze ersetzen. 

 

2009 ass d' Geschir komplett erneiert ginn an d'Angebot um Wäin- an Schampesglieser, souwéi Zerveierplacken an Zaloteschosselen erweidert ginn.

Déi 2009 gekaaften Industriespullmaschinn mécht an 2 Minutten een kompletten Spullgang. Och dobäi gëtt besonnesch op Ëmweltfrëndlechkeet opgepasst.

D' Spullmaschinn ass an senger Bauweis konform, wat d'Sécherheet an Gesondheet betrëfft. Et ginn nëmmen ca. 1,5 Liter Waasser gebraucht.

 

Dëst Ofwaasser kann entweder iwwert een Sammelbehälter opgefaang an no dem Fest entsuergt ginn, oder iwwert speziell Schläich an d' Kanalsystem geleet ginn. (Produiten sinn mat geliwwert.)

D' technesch Informatiounen 

 

Den Unhänger kann mat engem mëttelstaarken PKW gezunn ginn (Längt 3,20 Meter, Breet 1,60 Meter, Heischt 1,70 Meter, Gewiicht maximal 1000kg)

 

Ausgestatt mat Geschir, Iessgeschir, Glieser, Zervéierplacken an Schosselen, verpaakt an Keschten, dovun een Deel dovun as  am Unhänger :

 

240 Zoppen-, Ies- an Dessertstelleren
240 Tasen an Ënnertasen
240 Messeren, Forschetten, Läffelen, Dessertsläffelen an Dessertsforschetten
240 Wäiglieser
240 Schampesglieser

10 Zervéierplacken (35 cm Duerchmiesser)
10 Zaloteschosselen (24 cm Duerchmiesser)
10 Zaloteschosselen (12 cm Duerchmiesser)

 

Elektresch Uschless 220 Volt Dreihstroum Waaserzoulaaf 3/4 Zoll Kupplung Wasseroflaaf Kanalsystem oder Sammelbehälter. Den Locataire muss unbedingt opt Uschless oppassen!

  • CIGL PÉTANGE ASBL

  • 4, rue Pierre Grégoire
  • L - 4702 Pétange
  • info(a)cigpetange.lu
  • Tel.:  (+352) 23 65 17 33
  • Fax.: (+352) 23 65 20 03

  • Ëffnungszäiten:
    Bureau:            08h00 - 16h00
    Geschirkëscht: 08h00 - 17h00
  • Cyberhall:        09h00 - 18h00



EISER PARTNER

Logo Partner  De Kuerbuttek
Logo Partner Commune de Petange