D' Mannschaft këmmert sech em:
- Uleeën an Gestalten vun ëffentleche Platzen an der Gemeng Péiteng
- Ënnerthalt vum CIGL-Péiteng ugeluechten Weeër
- Ënnerhalt vun den Uebstbongerten der Gemeng Péiteng
- Ënnerstëtzung am Noperschaftsdéngscht
- Ënnerstëtzung am solidareschen Gaart
- Kleng Aarbechten ob Ufro vun der Gemeng Péiteng
Bis haut ëmgesaten Projete:
- Uleeën vun engem Spadséierwee am "Loeschebuer" zu Lamadelaine
- Renovatioun vun engem alen Wäschbur zu Lamadelaine
- Gestaltung vun engem Spillplaz am "Fontaine d'Olière" zu Rodange
- Gestaltung vun engem Spillplaz an der "rue Léonard Schroeder" zu Péiteng
- Gestaltung vun engem Spillplaz an der "place de la Libération" zu Péiteng
- Bau vun engem Chalet fir den solidareschen Buttek De Kuerbuttek
- Renovatioun vum Jugendhaus zu Rodange
- Uleeën vun engem Spadséierwee beim Weier zu Lamadelaine
- Uleeën vun engem Spadséierwee op der "Maus" zu Rodange
- Uleeën vun den Solidareschen Gäert zu Péiteng an Rodange
- Uleeën an gestalten vun enger Fitnessstreck um "Titelberg"
Déi zukünfteg Projete:
- Momentan ass den CIGL Péiteng an der Planungsphase vir d' Gestaltung an d' Uleeën vun engem Geschichtsspadséierwee am "Dhoil" zu Rodange.