Den Cyberhall erméiglecht et der Bevëlkerung zu erstaunlechen Präisser Zougrëff opt Instrument "Computer" ze ginn.
DE KUERBUTTEK bidd nëmmen Wueren un, déi den Kriterien der nohalteger Entwécklung entspriechen: frecht Uebst an Geméis aus biologeschem Ubau, regional Liewensmëttel ewéi ugelueten Friichten, Geméis, Gebeess, aromatiséierten Esseg an Ueleg oder Wueren aus traditionellem Handwierk ewéi Käerzen, Seef an aner kleng Dekoratiounsartikel - deelweis aus eegener Hierstellung.
KALENDULA ass een Gaart fir d' Fuerderung vun der Ëmwelterzéiung, nohalteger Entwécklung an gesellschaftlechem Engagement.
Duerch den Opbau vun engem geldlosen Tauschsystem zwëschen den Bierger an dem CIGL Péiteng gëtt den Biicheremlaaf gefuerdert.
De Spullweenchen ass een Unhänger, ausgestatt mat engem vollstännegem Geschirrset vun jeeweils 240 Telleren, Tasen, Besteck, Wäin- an Sektglieser souwéi Zerweierplacken an Zaloteschosselen an zwou Gréissten.